arrow_back_ios
Blue Note
Dinant Jazz Festival
Déi zwee Summerjazzfestivaler zu Gouvy an zu Rossignol an der Gaume dierfte mëttlerweil de Lëtzebuerger Jazzafficionados e Begrëff sinn. Et gëtt awer och nach en 3. sympathesche klenge Festival an der Belsch, den Dinant Jazz Festival, deen de leschte Weekend am Juli ofgehale gëtt. De Jitz Jeitz beliicht dëse Festival a spillt nach Musek vum Pianist Hank Jones, deem säi 100. Gebuertsdag dëse Mount kann zelebréiert ginn.