Déjà Vu
Bob Dylan - Blonde On Blonde
"Blonde On Blonde" gëtt mat sengen zwee Virgänger "Highway 61" a "Bring It All Back Home" als eng Zort Trilogie betruecht, mat där den Dylan déi elektresch Phas a senger Karriär agelaut huet. Begleet gëtt hien um Album vu Museker vu senger Band The Hawks, dorënner de Robbie Robertson op de Gittaren, dem Al Kooper op der Uergel, als Bassisten sinn ë. a. de Rick Danko an den Charlie McCoy derbäi.
Den Duebelalbum proposéiert 73 Minutten Erzielerkonscht vun His Bobness, déi bekanntste Lidder sinn: "Rainy Day Women", "I Want You", "Just Like A Woman", "Stuck Inside Of Mobile" ... oder och "Sad Eyed Lady Of The Lowlands".
Presentéiert vum Fred Medernach.