arrow_back_ios
Kultur
De Kënschtler Georg Baselitz an d'Figur vum Parsifal
2018 sinn a ville Muséeë speziell Georg-Baselitz-Ausstellungen. De Kënschtler ass effektiv den 23. Januar 1938, also viru genee 80 Joer, a Sachsen op d'Welt komm a soll esou gefeiert ginn. Schliisslech gehéiert hien zu de wichtegsten zäitgenëssesche Kënschtler. Den 28. Juni feiert de Baselitz säin Debut un der Bayerischen Staatsoper: an zwar mat engem Bühnebild. Explikatioune vum Kerstin Thalau.