Kultur
Ech sinn eng onglécklech Fra an heesche Romy Schneider
D'Romy Schneider, eng grouss Actrice, iwwerall bewonnert, mat awer engem Liewen dat éischter enger Tragedie geglach huet. Um groussen Ecran konnt d'Romy Schneider net nëmmen a jonke Joren als "Keeserin Sissi" brilléieren, mee och spéider war si sécher eng vun de Gréisste vun hirer Generatioun. Mee wat elo fir e verletzlechen, onglécklechen an traurege Mënsch hannendru stoung, kann een an der däitsch-franséisch-iranescher Realisatrice Emily Atef hirem Film "3 Tage in Quiberon" novollzéien. De Jean Claude Majerus mat Impressiounen zum Film.