De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D’Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.
arrow_back_ios
Kultur
Le Coup de Majesté
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: Eva Zaicik © Victor Toussaint / Vincent Dumestre © Jean-Baptiste Millot)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Mozart a Reger am Dialog
D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.

Le Coup de Majesté
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.

111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...
...stellt d'Susanne Jaspers vir an hirem neie Reesguide, deen am Emons-Verlag eraus komm ass.

Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat
Vu Stroossefotografien zu héichwäertegen Naturopnamen

D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...
... an ee Gespréich iwwer déi nei Single "Ida"

Anne-Marie Reuter am Gespréich
Mat hirem Roman "M for Amnesia" ass déi engleschsproocheg Schrëftstellerin d'Laureatin vum Servais-Präis 2025.

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag
Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.

Filmkritik: "Volveréis"
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.

Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".

Philharmonie: Saison 25/26
En Iwwerbléck iwwer d'Schwéierpunkten: Leading Figures, Une Saison inédite pour notre orchestre, Les récits du monde, Openess. Collaboration.

Am Gespréich mam Maz a Julien Primout
De Curateur an den Organisateur iwwer déi véiert Oplag vum Messtival


Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats
D’Fotoexpoen “Murmurare” a “Mémoires de fortune” zu Diddeleng

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

Jonk sinn am 21. Joerhonnert
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen.

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"
De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek

En neie fotografesche Langage?
Zesummespill tëschent vereelzten an innovative Fototechniken

What a Wonderful World
Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing.

Zum Doud vum Raymond Schaack
“Ech hunn ni gesot, ech sinn e Schrëftsteller, ech hunn ëmmer nëmme gesot, ech sinn e Professer, dee schreift.”
