arrow_back_ios
Kultur
Doku Leni Riefenstahl - Arnold Fanck
Vun 1933 un huet déi ëmstridden däitsch Filmproduzentin Leni Riefenstahl Propagandafilmer fir den Nazi-Regimm gedréit. Am Joer 1925, also aacht Joer méi fréi, huet si de Regisseur Arnold Fanck kennegeléiert. Duerch hien ass déi jonk Fra, déi eigentlech Dänzerin war, no engem Accident bei de Film komm. Muer den Owend weist den däitsch-franséische Fernsehsender Arte eng Dokumentatioun iwwer d'Relatioun tëschent deenen zwee. Detailer mam Betty Gillen.