Blue Note
Stéphanie Neigel an den Jazzpote Thionville
D'Stéphanie Neigel ass d'Stëmm am Paul Fox Collective. Mee weider forméiert si mat dräi aneren Dammen den A-Capella Jazz-Quartett Les Brunettes. Si komponéiert selwer a stellt hir eege Musek mat hirer Band vir, eng Musek am Genre Jazz-Pop. Hire leschten Album koum viru Kuerzem eraus an heescht "In Sachen du". D'Stéphanie Neigel ass Invitée beim Manuel Ribeiro am Studio.
Den Jazzpote Thionville ass en ëmmer immens gutt besichtn Rendez-vous, encadréiert vun enger summerlecher Open-Air Feier. Dëse Festival ass vum 26. bis den 30. Juni op der route de Manom, beim Théâtre en bois. Den Organisateur Christian Schott ass am Interview.