Blue Note
Nei Lëtzebuerger CDen a Concerten
D'Claire Parsons huet am Dezember 2019 eng Carte Blanche am Neimënster. Den éischte Concert ass den 1. Dezember zesumme mam Eran Har Even. D'Claire war am Studio.
D'Ainhoa Achutegui, Direktesch vum Neimënster an de Pascal Schuhmacher waren och am Studio, fir iwwer de Festival RESET am Januar 2020, ze schwätzen.
D'Lëtzebuerger Jazzbands Dock in absolute an Pol Belardi's Force waren viru kuerzem zu Paräis fir Concerten ze spillen. Detailer huet de Maurice Molitor matbruecht, dee lauschtere war.
TELE-PORT ass eng nei Formatioun mee och en neien Disque deen offiziell Uganks nächst Joer zu Diddeleng virgestallt gëtt. De Jeff Herr war am Studio fir driwwer ze schwätzen.
Blue Note, mam Manuel Ribeiro.