arrow_back_ios
Kultur
Dat "schwaarzt Haus" presentéiert d'Expo "colourful black"
Dat "schwaarzt Haus" ... dat kléngt e bësse wéi den Titel vun enger Edgar-Allan-Poe-Geschicht? Bis den 1. Juli ass dat "schwaarzt Haus" keng Fiktioun, mee Realitéit: d'Kënschtler Linda Blaise a Joël Rollinger hunn en Haus zu Hollerech - kuerz viru senger Démoléierung - an en Ausstellungsraum verwandelt. D'Fassade op der route d'Esch hu si komplett schwaarz ugestrach; déi hënnescht Säit, an der rue de la Semois, ass voller Graffitien. Do huet d'Kerstin Thalau och d'Entrée fonnt.