Kultur
Prix de musique Quattropole
Quattropole, den Zesummeschloss vun de Stied Tréier, Saarbrécken, Metz a Lëtzebuerg, ass schonn als Facilitateur vun der zäitgenëssescher Konscht bekannt a vergëtt zënter 1993 all zweet Joer de Prix d'Art Robert Schuman.
Dës Ënnerstëtzung gëtt elo mam Prix de Musique Quattropole, enger ganz neier Iddi, op d'musiques actuelles ausgeweit. Am Fréijoer 2019 soll fir d'éischte Kéier eng Artistin, een Artist, eng Band oder ee Kollektiv mat 10.000 Euro ausgezeechent ginn. Den Haaptcritère dofir ass, wéi innovéierend Elementer an Technologien an d'Kompositiounen a Performancen afléisse gelooss goufen.
De Marc Hauser, Programmateur vun de Bouneweger Rotonde gouf mat der Lëtzebuerger Selektioun beoptraagt.