Kultur
Eng eege Rous fir de Gebuertsdag
Wa mir zu Lëtzebuerg vu Poesie schwätzen, da komme mir ganz sécher net laanscht d'Anise Koltz. Eng Schrëftstellerin, déi d'Poesie zu Lëtzebuerg an och iwwer d'Grenzen eraus markéiert huet. D'Anise Koltz huet fir d'éischt op Däitsch geschriwwen, dunn awer nom Doud vun hirem Mann René Koltz komplett an dat Franséischt gewiesselt. D'Anise Koltz kritt haut houfreg 90 Joer, an d'lescht Woch gouf et e besonnesche Cadeau: eng Rous, déi elo der Poetin hire Numm dréit. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait vun der Anise Koltz.