arrow_back_ios
Kultur
TalentLAB 2018
Den TalentLAB huet dëst Joer mat enger Table ronde zum Thema "Écrire pour la scène d'aujourd'hui" ugefaangen. Well d'zäitgenëssescht Schreiwen an den Theaterauteur am Virdergrond vun der drëtter Editioun vum TalentLAB stoungen, huet d'Sophie Thoma sech mat den zwee lëtzebuergeschen Theaterauteure Claire Thill a Rafael Kohn, déi alle béid um International Writers Project deelgeholl hunn, iwwer hire Metier an de Schreifprozess ënnerhalen.