Kultur
I am aus Trier
De Karl Marx ass den Ament zu Tréier omnipresent. An dat ënner anerem duerch e Karl Marx Monument, e Karl Marx T-Shirt, Karl Marx Konferenzen, Karl Marx Ausstellungen oder e Karl Marx Container. Zu Tréier ass a punkto Karl Marx bal alles derbäi, just eppes huet bis elo gefeelt: Eng musikalesch Karl Marx Revue! Abee och déi ass elo Realitéit ginn. An der Tufa gouf ënner dem Titel "I am aus Trier" gro Theorie op der Showbühn annoncéiert, d'Kapital fir mat ze klappen an ze danzen, de Karl Marx als Showstar an d'Industrieproletariat als Chorus Line. Kann dat alt eppes ginn? A firwat brauch een dat? Iwwer sechs Méint hunn Amateur-Chéier, Theater- an Danzgruppen sech an der TUFA op dëse Projet preparéiert. An elo dann ass en am grousse Sall vun der multikultureller Tufa ze gesinn. De SWR-Journalist Thomas Rath war "I am aus Trier" kucken.