arrow_back_ios
Blue Note
Reis Demuth Wiltgen: Neien Album
Den Trio Reis/Demuth/Wiltgen ass e Pilier vum lëtzebuergeschen Jazz an huet sech an all deene Joren eng zolitt Reputatioun och op der Internationaler Jazzzeen gemaach. Keng Artificen, keng Elektronik, keng Gäscht, just di dräi Museker Michel Reis, Piano, Marc Demuth, Sträichbass a Paul Wiltgen op der Batterie, esou d'Konstellatioun vum neien Album.
Di dräi Museker waren am Studio beim Manuel Ribeiro an hu méi zum Album verroden, wéi och iwwert hir Carrière.