Voix d'auteurs
Slavoj Zizek
Et ass de Psychoanalytiker a Psycholog Jacques Lacan, deen dësen zäitgenësseschen enfant terrible vun der Philosophie gepräägt huet. Kulturkritiker, Philosoph a poststrukturalistesche Psychoanalytiker a virun allem Polemiker däerf hie sech nennen. Hie bezeechent sech awer am Léifsten als iwwerzeegte Kommunist an huet dofir seng Erklärungen an Argumenter. Seng Publikatioune sinn net ze zielen, seng Kritik un eiser Gesellschaft ass haart a beluecht. Wann hie schwätzt, da ka jiddwereen hien verstoen, well hien déi breet Mass erreeche wëllt. Op der Leipziger Buchmesse huet de Slavoj Zizek am Gespréich mam Michael Sahr säin neit Buch Disparities virgestallt.