Déjà Vu
Westcoast, 1968
D'Vereenegt Staaten hunn am Mee 1968 hir beweegten Zäiten zum Deel schonn hannert sech ... oder si matzen dran, mat ë. a. dem Krich am Vietnam, de Rassenonrouen, dem Summer of love vu '67, der Hippie-Bewegung.
De Ben Boulanger bléckt zeréck op déi Géigend, déi zu där Zäit wichteg musikalesch Akzenter gesat huet: d'Westcoast rondrëm San Francisco, wou vill Trender gebuer goufen an inspiréiert hunn. Eng Zort Géigekultur mat Nimm wéi Grateful Dead, Kaleidoscope, Chocoloate Watch Band, Spirit, ....
Eng etlech vun hinnen sinn haut vergiess oder stinn hanner de groussen Nimm vun deemools an der zweeter Rei. Musikalesch interessant si se nawell, fënnt de Ben Boulanger.