arrow_back_ios
Kultur
Huet den Jay-Z bei Tidal gefuddelt?
"Tidal ass d'Zukunft vun der Musek" - mat deem Slogan hu 17 bekannte Pop-Staren am Mäerz 2015 de Streaming-Service lancéiert. Niewent enger besserer Tounqualitéit versprécht Tidal och eng besser Bezuelung vun den Artisten. Awer elo steet d'Plattform an der Kritik. D'Notzungs-Statistike solle gefälscht gi sinn, sou datt d'Kënschtler Beyoncé a Kanye West méi Tantiemen ausbezuelt kruten. Et kéint dee gréisste Skandal an der jonker Geschicht vum Streaming sinn. E Bäitrag vum Yves Stephany.