arrow_back_ios
Kultur
Mat Salz a Spaass dierf een et net iwwerdreiwen
De Goldschmatt a Sculpteur Benvenuto Cellini war am 16. Joerhonnert ee vun de bedeitende Vertrieder vum Manierismus. Duerno ass en e puer Joerhonnerte an de Vergiess geroden a gouf eréischt am 19. Joerhonnert nei entdeckt. Zanterhier gouf am konschthistoresche Musée zu Wien houfreg dem Cellini seng Saliera, eng gëlle Salzfaass-Skulptur ausgestallt. Bis se den 11. Mee 2003, also viru genee 15 Joer, geklaut gouf. Explikatioune vum Kerstin Thalau.