arrow_back_ios
Déjà Vu
Michael Mantler: Jazz am Mee '68
De gebiertege Wiener Komponist an Trompettist huet 1968 net nëmmen den Jazz Composer's Orchestra gegrënnt, mee och eng Vereenegung mam selwechte Numm, déi nei Kompositioune fir Jazzorchester an Optrag ginn huet. De Mantler stoung der New Yorker Avant Garde-Zeen no, seng nei Ausdrocksméiglechkeete beliichten de Pol Belardi a Pit Dahm mam 68er Album "Jazz Composer's Orchestra", mat prominente Museker wéi Cecil Taylor, Don Cherry, Pharoah Sanders, Larry Coryell, Gato Barbieri, Carla Bley, ...