Déjà Vu
Duke Ellington & John Coltrane
Den Duke Ellington as net nemmen ee vun deene wahrscheinlech produktivsten amerikanesche Komponiste vun allen Zäiten an e wonnerbare Big Band-Leader, mee och nach e villsäitege Pianist mat ganz eegenem Stil. Ufangs den 1960er Joeren hëllt hien niewt sénger grousser Band nach eng Rei Alben a klenge Besetzungen op, sou zum Beispill "Money Jungle" am Trio an dësen Album mam John Coltrane am Quartett. Mär héieren eng Selectioun vun interessanten Kompositiounen vun Ellington, Strayhorn a Coltrane, woubäi besonnech den Opener "In a Sentimental Mood" ervirzehiewen as, deem séng Opening Phrase um Tenorsaxofon den Toun setzt fir eng ganz wonnerbar Plack.