Blue Note
LJO - Thomas Bracht - Mike Bell
De Luxembourg Jazz Orchestra spillt de 26.4.2018 am CAPE zu Ettelbréck zesumme mam Christine an Ingrid Jensen.
D'Thomas Bracht Band spillt e Concert de 27.4.2018 am Atelier Paradiso, e Concert, deen och opgezeechent gëtt, fir als CD releast ze ginn.
No Joerzéngten Aktivitéit am Beräich Country Rock a Blues, kënnt de Pianist Mike Bell zeréck zu senger éischter Léift, dem Jazz, an dat mam Release vun enger CD: "Just for the Record".
De Jitz Jeitz, den Thomas Bracht an de Mike Bell ware beim Manuel Ribeiro am Studio.