Blue Note
Eric Dürrer - Choco y sus complices
Den Eric Dürrer alias Choco schreckt net virdrun zeréck, grouss Projeten op d'Been ze setzen. D'Kär-Besetzung vu sengem neien Album "Buscando la Calma" sinn nämlech 18 Museker an da kommen nach Invitéen dobäi. Net nëmmen d'Taille spillt eng Roll, mee och d'Location: et sinn alles Bekanntschaften aus senger Zäit an Holland a Kuba, an deementspriechend si se en plus an all Himmelsrichtunge verspreet. Wéi den Eric et trotzdeem hikritt, si all an der Gitt ze halen, héiert Dir hei am Interview. Mat dobäi och e puer exklusiv Aspillunge vum Album a vill Background-Informatioun. Live ze gesinn ass de Projet de 27.4 am Trifolion zu Iechternach. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.