Déjà Vu
Tubeway Army - Replicas
Enn de 70er Jore gouf et eng nei Stréimung an der britescher Musekszeen. Duerch den Afloss vu Kraftwerk an dem Giorgio Moroder, an duerch nei, bëlleg Synthesizeren um Marché, haten eng ganz Rëtsch Museker der Gittar de Réck gedréint. Post-Punk-Gruppe wéi Human League, Cabaret Voltaire, The Normal oder Orchestral Manoevres in the Dark haten ufanks allerdéngs wéineg Impakt mat hiren Experimenter mat Synthesizeren.
D'Press huet deen neie Phänomen verpöhnt. Dat wier keng richteg Musek, housch et deemools. Dat wiere keng richteg Männer, déi Knäppercher drécken, Make-up amplaz laang Hoer droen a mol net schweesse bei hirer Musek.
1979 koum eng Plack eraus, déi den Ufank vum Mainstream-Succès vum Synth-Pop sollt markéieren. An donieft elektronesch Instrumenter ee fir allemol an der Pop-Musek etabléiert huet. D'Plack war "Replicas" vun Tubeway Army. D'Band vum Gary Numan.
Eng Emissioun vum Yves Stephany.