arrow_back_ios
Kultur
D'Etrusker an hier Gëtter am Nationalmusée
Bis den 2. September kann een am Nationalmusée um Fëschmaart d'Ausstellung "Le lieu céleste. Les étrusques et leurs dieux: le sanctuaire fédéral d'Orvieto" entdecken. Zanter dem Joer 2000 sinn um Fouss vun der italienescher Stad Orvieto, an Umbrien, archeologesch Fouillen organiséiert ginn. D'Expo am MNHA presentéiert déi spektakulär Trouvaillen vun den Ausgruewungen um sougenannten "Campo della Fiera", DEM Hellegtum vun den Etrusker. Explicatioune Kerstin Thalau.