Fräie Mikro
Zwou Frae schwätzen net iwwert Männer ...
D'Me-Too-Beweegung wäert de Kino wuel nohalteg veränneren. Wann een d'Statistiken iwwert d'weiblech Bedeelegung un engem Film kuckt - esou wuel viru wéi hannert der Kamera - fält engem op, wéi ënnerrepresentéiert d'Frae sinn a wéi si nach vill ze vill dacks aus der männlecher Siicht vu Zeenaristen a Regisseuren duergestallt ginn. Awer och de Bechdel-Test geet net duer, fir dat Ongläichgewiicht wëssenschaftlech ze ënnermaueren. D'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun huet sech den Test ugekuckt.