arrow_back_ios
Blue Note
Niels Engel am Criss Cross Europe
De Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng mécht vill fir jonk Jazzisten. Esou dës Woch (Februar 2018), d'Residenz Criss Cross Europe, an där den Niels Engel als Lëtzebuerger Jazzist selektionéiert gouf, fir am Projet matzemaachen. Coach vun deem Ganzen ass déi US-amerikanesch Perkussionistin Marilyn Mazur. D'Residenz hält op mat engem Concert de Freideg, 23. Februar 2018.
Weider si Concerten zu Nilvange, an der Philharmonie an zu Diddeleng programméiert. De Manuel Ribeiro informéiert.