D'Frontfra Debbie Harry, hire Frënd, de Bandgittarist Chris Stein an de Produzent Mike Chapman sinn d'Haaptprotagoniste vun engem Album, dee laang gebraucht huet, ier den Erfolleg sech agestallt huet: eréischt déi véiert Single-Auskopplung schléit an - dat awer zolidd.
Den Chapman - extra vun der Plackefirma Chrysalis fir dëse Release engagéiert - war ë. a. Produzent vu Smokie, Mud, Suzie Quatro a The Sweet an huet seng Erfarung fir Ouerwierm mat an de Studio bruecht. Fir "Heart Of Glass" huet hien op den Disco-Sound gesat. D'Band selwer war am Ufank wéineg begeeschtert vum Sound: "It's commercial, but it's good", huet d'Debbie Harry awer missen unerkennen ...
Presentéiert vum Fred Medernach.