arrow_back_ios
Kultur
Albumbespriechung: We Out Here
D'Jazzzeen zu London besteet aus méi wéi dem Saxophonist Courtney Pine an den Ronnie Scott's Club. An der englescher Haaptstad schéngt rezent eng nei Well vu jonke Museker opzebléien, déi sech op eng erfrëschend Manéier an dësem Genre ausdrécken.
Den Album "We Out Here" presentéiert den aktuelle Cru vu jonken Jazzmuseker zu London. Eng accessibel Plack déi awer och spannend genuch ass, fir d'Jazz-Afficionadoen um Dill ze halen.
Presentéiert vum Jamie Reinert.