arrow_back_ios
Kultur
Galerie
An der leschter Editioun vun der Kulturzäitschrëft Galerie, déi ënnert der Direktioun vum Cornel Meder vum Déifferdenger Centre Culturel publizéiert gëtt sinn erëm literaresch Creatiounen, Chroniken an Etuden ze liesen. Vun de lescht genannten ass eng, déi ganz besonnesch an d'A fällt. D'Recherche iwwer de lëtzebuerger Schrëftsteller Fernand Karier. D'Valerija Berdi huet mat der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vum CNL iwwer hier Aarbecht geschwat.