arrow_back_ios
Kultur
D'Sich no Indentitéit
"Strangers" vum Sloan Bradford an Isaac Bush ass den Titel vun engem engleschsproochegen Theaterstéck dat vun haut un am Théâtre National ze gesinn ass. Dës Mise en scène vun der Anne Simon ass iwwregens elo schonns déi zweet Zesummenaarbecht tëscht dem TNL an dem Circle Theater vu New York. A "Strangers" geet et dat Friemt, ëm d'Identitéit an d'Memoire. Am Fong ëm d'Anecht-sinn, a besonnesch dat aus eben aneren Perspektive gekuckt.