arrow_back_ios
Kultur
D'Cecil's Box à la Stina Fisch
Dee klengsten Ausstellungsraum an der Stad gehéiert wahrscheinlech dem Cercle Cité. Mä bei senger Cecil's Box handelt et sech ëm eng Vitrine, déi an d'Paschtoueschgaass weist, deemno 24 Stonnen op 24, siwen Deeg op siwen, vun all Passant gesi ka ginn. Also déi ideal Plattform fir Lëtzebuerger Konscht. Zënter dem 14. Dezember fir der Illustratrice Stina Fisch hir Installatioun "Today - Tomorrow". D'Kerstin Thalau war um Vernissage.