Europa Aktuell
Europaparlament wëllt méi streng Ziler
7 min
D'EU huet sech virun zwee Joer op der Weltklimakonferenz zu Paräis zu ambitiéise Klimaziler verflicht. Zejoert dunn hat d'Europäesch Kommissioun als Konsequenz dovun e puer Direktive mat neien Ziler fir d'Energiepolitik presentéiert. Si ginn dem Europaparlament net wäit genuch. Dat huet op alle Fall een éischten Test-Vote an der zoustänneger Parlamentskommissioun erginn. D'Diskussiounen, fir een Accord ze fannen dierften net einfach ginn, wëll d'Positioune vun den EU-Memberlänner leien och wäit auserneen. D'Danièle Weber informéiert.