arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Diskussioun iwwert de Glyphosat geet virun
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Nodeems sech eng Majoritéit vun den EU-Memberlänner dofir ausgeschwat hunn, den ëmstriddenen Herbizid Glyphosat fir weider fënnef Joer zouzeloossen, geet d'Diskussioun virun. Virun allem an Däitschland, wou de Landwirtschaftsminister sech iwwert de Koalitiounsvertrag ewech gesat huet, andeems hie mat Jo gestëmmt huet. Mä och zu Lëtzebuerg, wou den Agrarminister Fernand Etgen sech nach net op weider Schrëtt festleeë wëll. Hannergrënn vum Danièle Weber.