Déjà Vu
Goathead Soup - The Rolling Stones
32 min
"Goathead Soup" vun de Rolling Stones kënnt am August 1973 eraus, d'Opname fir den 11. Album vun der Band - an den USA ass et schonn Nummer 13 - entstinn an zwou Phase vun alle Kéier engem Mount, Enn 72 an am Fréijoer 73 - schonn um villgeluefte Virgänger "Exile on Main Street" haten d'Stones no dësem Schema geschafft.
Wéi ass den Album an der räicher Stones-Discographie anzeklasséieren? Genee wéi seng Viirgänger "Sticky Fingers" an "Exile On Main Street" packt den Album et véier Woche laang op d'Nummer 1 an den amerikanesche Bilboard Charts ... musikalesch awer sinn déi méi rau rebellesch Rockzäite lues awer sécher am Gaangen ze verschwannen, et geet konsumentefrëndlech méi a Richtung Mainstrean a grousse Stadiummen, déi nächst Succèse wäerte "Miss You" oder "Emotional Rescue" heeschen - béid dem styleschen Trend vun hirer Zäit ugepasst.
D'Haaptlidder heeschen "Angie", "Star Star Star" (als "Starfucker" op der éischter Pressung - awer just op där! - ugefouert), "Silver Train" a "Winter", e Song dee kloer d'Handschrëft vum Gittarist Mick Taylor dréit, deen dem Keith Richards seng Drogen-Eskapaden sat huet ...
Presentéiert vum Fred Medernach.