arrow_back_ios
Kultur
Konferenz Batty Weber am Servais-Haus
"Batty Weber neu gelesen" ass den Titel vun enger Konferenz muer den Owend (4.10.) am Centre National de Littérature zu Miersch. D'Anne Marie Millim, Dozentin fir Anglistik op der Uni Lëtzebuerg hëlt ee mat op eng Rees duerch dat grousst a diversifiéiert Wierk vum Batty Weber, engem vun de bedeitendste Lëtzebuerger Auteuren. Den Acteur Germain Wagner liest dernieft Extraiten aus dem Batty Weber sengem literareschen a journalisteschen Texter. De Jean Claude Majerus mat Detailer.