arrow_back_ios
Kultur
"Mirror Mirror in the Box" vum Mike Zenari
"1987 gebuer. Autodidaktesche Fotograf. Diddelénger". Esou kuerz a knackeg fält dem Mike Zenari säin CV aus. Op sengem Site www.mikezenari.com steet net emol dat; do léisst hie seng Biller fir sech schwätzen. An dat schéngt ze funktionéieren. De Mike Zenari gëtt vu knapps 20 Magazinnen an Institutioune gebucht. An elo och vum Cercle Cité fir seng Cecil's Box. Explicatioune Kerstin Thalau.