arrow_back_ios
Kultur
Den Eric Mangen an d'Schwéierfällegkeet
Tëscht dem 20. an dem 30. September ass den Eric Mangen op Kënschtlerresidenz am Neimënster. Mëtt Oktober geet da seng Ausstellung "Inertie" am Kräizgang vun der Abtei op. Op d'Expo wollt hie sech scho gär in situ virbereeden, sech vun der groussaarteger Kuliss am Gronn inspiréiere loossen. D'Kerstin Thalau huet de selwer ernannte Master of Disaster an Aktioun mat sengem Feierläscher erlieft.