Kultur
Donna Leon: Duerch de Commissario Brunetti zum Bestseller ginn
Un der Lagunestaat Venedeg hänkt der amerikanescher Schrëftstellerin Donna Leon hiert Häerz. Dofir huet si och sécher dee gréissten Deel vun hirem Schreiwen dëser Stad dediéiert, an zwar duerch hir Krimigeschichte ronderëm den Commissario Guido Brunetti. 26 Mol stoung de Brunetti schonn am Mëttelpunkt vun engem Roman an um Enn ass d'Donna Leon nach net. Och mat hire 75 Joer, déi si haut (29.9.) kritt, huet si nach ëmmer Loscht, an 2018 kënnt en neie Brunetti-Roman eraus, en ass praktesch scho fäerdeg. De Jean Claude Majerus huet sech mat der Donna Leon ënnerhalen.