arrow_back_ios
Kultur
Zwee Muséeën iwwert den Yves Saint Laurent
35.000 Objete sinn an der Sammlung vun der Kollektioun, déi d'Stëftung Pierre Bergé Yves Saint Laurent versuergt, enthalen. 7.000 dovunner sinn Haute Couture Stécker. Zwee Muséeë sollen d'Wierk vum legendäre Createur beliichten. Een dovun ass zu Paräis, an der Avenue Marceau ënnerbruecht. Am selwechte Gebai, an deem och d'Maison de Couture war, bis datt si 2002 nom Doud vum Saint Laurent zougemaach gouf. Detailer vum Cléo Thoma.