Déjà Vu
Head Hunters - Herbie Hancock
Wéi den Herbie Hancock fir d'éischt vum Miles Davis gesot krut, hie sollt Fender Rhodes spillen, huet hien de Kapp gerëselt a sech gefrot, wat hie mat där Spillsaach do soll maachen! Zënter deem Moment an 1973, der Release vun Head Hunters, ass de Rhodes aus dem Hancock sengem Setup net méi ewech ze denken. Méi wéi dat, huet hien nach eng ganz Panoplie vu Synthesizere fir sech entdeckt. Déi Opstellung zesumme mam Bennie Maupin um Saxofon, dem Paul Jackson um Bass, dem Harvey Mason op der Batterie an dem Bill Summers op der Perkussioun bilden d'Head Hunters, déi mat hirem opreegenden neie Sound Funk a Fusion eng kloer Emprunte ginn. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.