Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Grace - Jeff Buckley (1994)

Grace - Jeff Buckley (1994)

Den éischten an domat och eenzegen Album vum Jeff Buckley hat alles anescht, wéi ee gelongene Start. Eng zäitlos Release, e Longplayer, dee mëttlerweil 23 Joer um Bockel huet an deen eigentlech och hätt kënnen eréischt leschte Mount erauskomm sinn. Siwe verschidde Stécker goungen net duer fir e komplette Longplayer, dobäi koumen dräi Cover Versiounen. Et handelt sech ëm alternative Rock, derniewent hat den Jeff Buckley awer eng Hellewull vun Artisten, un deenen hie sech orientéiert hat fir "Grace" ze schreiwen, dorënner d'Nina Simone, de Bob Dylan, de Leonard Cohen, den Alex Chilton a vill anerer. Den Jeff Buckley war eng Zort Nick Drake aus den 1990er Joren. Vill ze wéineg Musek ass duerch e vill ze fréien Doud iwwreg bliwwen. "Grace" ass wuel ee vun den "Essentials" an all Rock Sammlung. Wéineg Succès am Ufank, allerdéngs eng Wonnerplack, wéi et sech iwwert Joren erausgestallt huet. Eng graziéis Story mat engem batteren Enn, den Jeff Buckley ass 1997 am Alter vun 30 Joer erdronk. Wéi vill Fans hätt de Philippe Hansen sech méi Musek vum Tim Buckley sengem Bouf gewënscht.

Episoden

The Beatles - Please Please Me (03/1963)

Am Mäerz 1963 koum den Debutalbum vun de Fab Four aus Liverpool eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - Tracy Chapman (Tracy Chapman, 1988)

Mat der akustescher Gittar a sozialkriteschen Texter ass der Tracy Chapman 1988 en Iwweraschungserfolleg gelongen.
headphones

13 min

play_arrow

George Harrison - Living In The Material World (05/1973)

Dem ex-Beatle säin 1973er Album huet e kloert Uleies: de Mënsch soll sech méi op spirituell amplaz op materiell Wäerter beruffen.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - Simon & Garfunkel (Bookends, 1968)

"Mrs. Robinson" ass de bekanntesten Titel vum Simon & Garfunkel Album "Bookends" - et ass awer laang net alles, wat d'Plack ze bidden huet.
headphones

15 min

play_arrow

Dr. John - In The Right Place

Dem Mac Rebenack alias Dr. John säin erfollegräichsten Album "In The Right Place" koum am Februar 1973 op de Maart.
headphones

32 min

play_arrow

D'Ufäng vum Alternative Country

D'Lucinda Williams ass eng Pionéierin vum Alternative Country. Mam Album "Lucinda Williams" ass hir 1988 den Duerchbroch gelongen.
headphones

9 min

play_arrow

Eurythmics - Sweet Dreams (Are Made of This)

Am Januar 1983 koum mat "Sweet Dreams are Made of this" den Album vum Duo Annie Lennox/Dave Stewart eraus.
headphones

64 min

play_arrow

Sufjan Stevens - Greetings from Michigan (2003)

Senger Heemecht, dem Great Lake State, huet d'musikalescht Multitalent Sufjan Stevens 2003 e ganzen Album gewidmet: "Greetings from Michigan".
headphones

13 min

play_arrow

The Doors - Waiting For the Sun (07/1968)

Den Doors hiren drëtte Studioalbum huet am Summer 1968 mat "Hello I Love You" eng Nummer 1 opweises a lant gläich zweemol viru Geriicht.
headphones

140 min

play_arrow

Wilco & Billy Bragg - Mermaid Avenue

Am Fréijoer 1995 huet d'Nora Guthrie - Duechter vum legendären amerikanesche Folksänger Woody Guthrie - no Museker gesicht.
headphones

8 min

play_arrow

Bruce Springsteen - Darkness on the Edge of Town, 1978

Dem Bruce Springsteen säin 1978er Album gouf eréischt mat Distanz zu engem Klassiker vun der Rockgeschicht.
headphones

11 min

play_arrow

Lucinda Williams - Car Wheels On A Gravel Road (06/1998)

Fir hire fënnefte Studioalbum aus dem Juni 1998 krut déi amerikanesch Songwriterin e Grammy, wat och de kommerziellen Duerchbroch bedeit huet.
headphones

13 min

play_arrow

Some Girls - The Rolling Stones (06/1978)

'Some Girls', der Band hire 14. Studioalbum, kënnt Mëtt Juni 1978 eraus, den Hit heescht 'Miss You'.
headphones

12 min

play_arrow

Bob Dylan (The Freewheelin' Bob Dylan, 1963)

Bal wier "The Freewheelin' Bob Dylan" ni erauskomm - um Enn sollt d'Plack eent vun de wichtegste Wierker vun der Museksgeschicht ginn.
headphones

12 min

play_arrow

Zeréck an d'Welt

Et ass d'Joer ass 1973 an den amerikanesche Soulsänger Curtis Mayfiled fäert net fir op senger véierter Plack politesch Aussoen ze maachen.
headphones

11 min

play_arrow

George Harrison - Living In The Material World (05/1973)

Dem ex-Beatle säin 1973er Album huet e kloert Uleies: de Mënsch soll sech méi op spirituell amplaz op materiell Wäerter beruffen.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - Tracy Chapman (Tracy Chapman, 1988)

Mat der akustescher Gittar a sozialkriteschen Texter ass der Tracy Chapman 1988 en Iwweraschungserfolleg gelongen.
headphones

13 min

play_arrow

Bill Withers - Live at Carnegie Hall (1973)

Deem amerikanesche Singer/Songwriter Bill Withers säin eenzege Live-Album koum am Abrëll 1973 eraus - sechs Méint virdrun zu New York opgeholl.
headphones

13 min

play_arrow

D'Ufäng vum Alternative Country

D'Lucinda Williams ass eng Pionéierin vum Alternative Country. Mam Album "Lucinda Williams" ass hir 1988 den Duerchbroch gelongen.
headphones

9 min

play_arrow

Eurythmics - Sweet Dreams (Are Made of This)

Am Januar 1983 koum mat "Sweet Dreams are Made of this" den Album vum Duo Annie Lennox/Dave Stewart eraus.
headphones

64 min

play_arrow