Déjà Vu
The Last Waltz - The Band
30 min
Am Abrëll 1978 kënnt de Film "The Last Waltz" vum Martin Scosese an d'Kinoen. En dokumentéiert de leschte Concert vun den Häre Robbie Robertson, Rick Danko, Richard Manuel, Garth Hudson a Levon Helm, déi ënnert dem Numm The Band tëschent 1968 an 1977 e puer exzellent Disken erausbruecht hunn.
Richteg bekannt goufe si schonn an de 60er Joren, als Backing Band vum Bob Dylan. Dee war natierlech och agelueden, fir un dësem Event am Winterland vu San Francisco deelzehuelen, sou wéi eng ganz Rëtsch Museker, déi bis dato mat Membere vu The Band gespillt haten: Ronnie Hawkins, Neil Young, Muddy Waters, Eric Clapton, Emmylou Harris, Joni Mitchell ...
Parallel zum Film kënnt eng dräifach-LP eraus: "The Last Waltz".
Deen Album gëtt presentéiert vum Ben Boulanger.