arrow_back_ios
Déjà Vu
Hejiira (1976, Folk/Jazz) - Joni Mitchell
Der Joni Mitchell hiren "Hejira" (1976) ass een Album vun der Maturitéit. Eemol de Klassifikatioune vun hiren Ufäng entkomm, fanne vill Museker eng méi individuell Stëmm, an dat net nëmme wéinst iwwerdriwwenem Tubakskonsum ... Verfëmmte Stëmm, e Gittarespill voller Synkopen an héichkaräteg awer onpretentiös Collaborateuren (Jaco Pastorius, Larry Carlton, Neil Young) markéieren dësen Album, deen d'Fräiheet an all hire Formen zum Thema huet. Presentéiert vum Marc Clement.