arrow_back_ios
Déjà Vu
Breakfast in America - Supertramp
Enn Mäerz 1979, bréngt déi britesch Kultband Supertramp hire sechste Studioalbum eraus: "Breakfast in America". Deen Album sollt hire meescht verkaaftene ginn mat iwwer sechs Millionen Exemplairen eleng an den US. D'Songs stamen all aus der Fieder vum Rick Davies a Roger Hodgson. Och wann den Album e Welterfolleg ass, ginn d'Streidereien tëscht deene zwee Leadere vum Grupp ëmmer méi evident. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.