Déjà Vu
Aftermath - The Rolling Stones
Et héiert ee wuel de Blues nach déi eng oder aner Kéier eraus, mä mat dësem Album gëtt den Duo Mick Jagger/Keith Richards "erwuessen" a komponéiert selwer - keng eng Coverversioun huet et op dëst Wierk gepackt. Mat "Mother's Little Helper" ass en absolute Klassiker am Repertoire, de Brian Jones hëlt geleeëntlech d'Sitar oder d'Marimba eraus, den Jagger ass och op der Mondharmonika ze héieren.
Den Titel "Goin' Home" op "Aftermath" (11:16) ass bis haut déi längste Studionummer, déi d'Grupp jee opgeholl huet. D'Kompositioun "Out Of Time" trieden déi zwee Stones-Auteuren un hire Landsmann Chris Farlowe of, dee mat dëser Nummer e weltwäiten Hit realiséiert. Parallel zum Album - awer net op deem vertrueden - kommen zwou Hit-Singlen eraus, "19th Nervous Breakdown" a "Paint It Black".
D'LP gëllt och haut nach ëmmer als eng vun de staarke Rolling Stones-Placken.
Presentéiert vum Fred Medernach