Déjà Vu
5th Dimension -The Byrds
"Fifth Dimension" ass den drëtten Album vun der amerikanescher Folk Rock Formatioun an ass am Summer 1966 ënnert Columbia Records erauskomm. En Album, deen nawell zu Onrecht iwwert d'Joren an de Vergiess geroden ass. Ee vun de ville Klassiker, déi de Fan vun där Musek aus där Zäit a senger Sammlung net wéilt mëssen. En Album, dee vu psychedeleschem Rock bis Raga Influenze vill Genren opweises huet, dem musikalesche Stil vun de Byrds trei bleift an de Wee fräigemaach huet fir "Younger than Yesterday" hire véierte Longplayer, dee vun hanne bis vir mat psychedeleschen Elementer a "straight forward rock'n roll" grad ewéi all déi aner Wierker vum Jim McGuinn an David Crosby voll gepaakt ass. "The Byrds" si wäit méi wéi nëmmen e musikaleschen Tripp aus den 1960'er Joren.
Presentéiert vum Philippe Hansen.