arrow_back_ios
Déjà Vu
Debut (1993) - Björk
D'populär Musekszeen vun den Nonzeger war vu Männer mat Gittaren dominéiert, während am Ënnergrond d'House-Rhytme geblubbert hunn. D'Björk vermëscht op sengem "Debut" d'Songstrukture vu Rock a Pop mat den Téin vun der repetitiver Club- an Dance-Musek - ob engem Bett vu Futurismus, ofgeschmaacht mat enger Prise femininer Lyrik, enger Messerspëtzt nordeschem Folk an engem gudde Schoss Jazz.
De Marc Clement revisitéiert deen éischten Album vun der islännescher Elektronik-Songwriterin Björk.