Déjà Vu
Speak no Evil - Wayne Shorter
Als ee vun deene wéinegen nach ganz aktiven Jazz-Museker vun der aler Garde bréngt de Wayne Shorter et och haut nach fäerdeg, dem Nolauschterer de Mond opstoen ze loossen. Am Moment begeeschtert hien duerch eng exemplaresch Spontanitéit a sengem Quartett nieft dem Danilo Perez, dem John Patitucci an dem Brian Blade. 1965 huet hie mat "Speak No Evil" en immens déifgräifenden Album erausbruecht, tëscht Bebop, Modal-Jazz an Hard-Bop, dee souwuel spilleresch (mam Freddie Hubbard, Herbie Hancock, dem Ron Carter an dem Elvin Jones), wéi och kompositoresch exzellent ass. Mat Stécker wéi Witch Hunt, Fee-Fi-Fo-Fum an Infant Eyes fënnt een op dëser Plack Shorter-Klassiker, déi en neie Moossstaf an der Jazz-Kompositioun gesat hunn. Hannergrënn vum Pol Belardi a Pit Dahm.