Déjà Vu
Eric Clapton - 461 Ocean Boulevard
Am Juli 1974 bréngt den Eric Clapton säin zweete Solo-Album eraus: 461 Ocean Boulevard, opgeholl zu Miami an de Criteria Studios a produzéiert vum Tom Dowd. Um Menü: Rock, Pop, Blues a ... Reggae! "I shot the sheriff", eng Coverversioun vum Bob Marley sengem Stéck, sollt uschléissend an den Charts aschloen wéi eng Bomm.
No méintelaangem Fernsehkucken, doheem op der Couch, an enger (absolut néideger) Drogekur, war den Eric Clapton erëm um Dill. Seng Stëmm op 'Let it grow' ass perfekt, a seng legendär schwaarz Fender Stratocaster kléngt fléissend wéi nach ni.