arrow_back_ios
Kultur
De Marco Godinho: en Erfollegsmodell?
2017 kéint dem portugisesch-lëtzebuergesche Kënschtler Marco Godinho säi Joer ginn: "Marco Godinho selektionéiert fir d'Biennale vu Lyon 2017", "Marco Godinho vun Oktober 2017 un a Kënschtlerresidenz an der Cité internationale des arts zu Paräis”... zënter engem Mount schéckt de Kulturministère eng gutt Marco-Godinho-Nouvelle no där anerer. Wat dobäi opfält, ass de Lien zu Frankräich. Doriwwer wollt d'Kerstin Thalau méi gewuer ginn.